LNF-Generalversammlung an aussergewéinlech Generalversammlung
Wann: | Mittwoch 14.03.2018 19:30-22:00 |
Typ: | Klubversammlungen a Sortien |
Ort: | Haus vun der Natur Kockelscheier |
Teilnehmer: | Aktive Mitglieder |
LNF-Generalversammlung
Leif Memberen,
heimat luede mir iech häerzlech an op d‘Generalversammlung vun der LNF.
Mir gesinn ons am Haus vun der Natur op der Kockelscheier e
Mëttwoch 14. Mäerz 2018 em 19h30.
Dagesuerdnung :
- Begréissungsusprooch vum President.
- Aktivitéitsrapport vun 2017.
- Keeserapport.
- Rapport vun de Keeserevisoren.
- Entlaaschtung vum Comité.
- Deelweis Neiwahlen vum Comité
dëst Joer trieden aus a sinn erëmwielbar:
Lommer Fernand
Daemen Harry
Schockweiler Roland
Steichen Marc
Kandidaturen fir an de Comité opgeholl ze ginn, sinn bis virun dësem Punkt vun der Dagesuerdnung schrëftlech anzereechen. - Festleeën vun der Cotisatioun 2019.
- Wiel vun de Keeserevisoren.
- Ausbléck op 2018.
- Ännerung vun de Statuten.
Nei Versioun vun de Statuten (w.e.g. uklicken fir de PDF erofzelueden) - Fräi Aussproch.
No der Versammlung offréiert de Comité ee Patt an ee klenge Maufel.
Aussergewéinlech Generalversammlung
Am Uschloss un eis Generalversammlung hale mer wann néideg eng aussergewéinlech Generalversammlung of.
Eenzege Punkt op der Dagesuerdnung :
- Ännere vun de Statuten
Nom Artikel 8. vum ugepasste Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwer Veräiner a Stëftungen ouni Gewënnzweck kann eng Statutenännerung nëmmen an enger uerdentlecher Generalversammlung ugeholl ginn, wou mindestens 2/3 vun den aktive Memberen do sinn.
Am Fall wou déi 2/3 vun de Memberen net do sin ass eng aussergewéinlech Generalversammlung néideg.
Déi kann dann eng Statutenännerung mat enger 2/3 Majoritéit vun de Stëmmen unhuelen, onofhängeg vun der Zuel vun de Memberen déi do sinn.