> Zurück

General-Versammlung

Wann: Mittwoch 11.03.2020 19:30-21:30
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort:
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

                    

 

INVITATIOUN op GENERALVERSAMMLUNG vun den Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn -LNF-

 

Heimat si dir häerzlech op Generalversammlung vun der LNF invitéiert. Versammlung ass Mëttwochs den 11.Mäerz 2020 em 19h30 am Haus vun der Natur op der Kockelscheier.

 

Dagesuerdnung :

 - Begréissung vum President

- Aktivitéitsrapport vun 2019

- Keeserapport

- Rapport vun de Keeserevisoren

- Entlaaschtung vum Comité

- Deelweis Neiwalen vum Comité, dëst Joer tréiden aus a sinn erëmwielbar: Steichen Marc, Schockweiler Roland, Lommer Fernand. Den Fernand Grasges trett aus     perséinleche Grënn aus.

- Kandidaturen fir an de Comité opgeholl ze ginn,sinn bis virun dësem Punkt um Ordre du Jour schrëftlech anzereechen

- Festleeën vun der Cotisatioun 2021

- Wielen vun de Keeserevisoren

- Ausbléck op ons Aktivitéiten 2020

- Fräi Aussproch

 

No der Versammlung offréiert de Comité ee Patt an ee klenge Maufel.

 

Der schrëftlecher Invitatioun déi dir kritt hutt leit är Memberskaart bei. Iwerweist är Cotisatioun vu 25€ w.e.g. op onsen Kont CCPLLULL LU 02 1111 1266 2136 0000 mam Vermierk Cotisatioun 2020, bis spéitstens den 30.Abrëll 2020, Merci.

Opgepasst dëst zielt nëmmen fir Leit déi schonn Member sinn. Wien erréicht Member well ginn,mellt sech w.e.g. iwwert info@lnf.lu un.

N.B.Déijéinëg déi am laaf vum lëschte Joer evt.hir Adress geännert hunn, ruffe mir heimat op ons dat iwwer Mail op info@lnf.lu matzedeelen. 

Mat beschte Gréiss de Comité

 

 

 

 

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)