> Zurück

Verlängerung vum OPRUF fir ons nei Expo Best of LNF 2020

Wann: Montag 31.08.2020 00:00-23:45
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort:
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

 

                           

 

       Verlängerung bis den 31.August

vum Opruf fir ons nei "Expo Best of LNF 2020"

Léif Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn

Wéi mir alleguer wëssen,huet sech Corona-Pandemie nach ëmmer net berouegt, a kee ka soen wéini dee Misär een Enn fënnt. Et wor also net falsch de Festival ze verleeën. Aus dem Gronn sti mir net direkt ënner Zäitdrock wat Virbereedung vun der Expo ugeet, dofir huet de Comité sech derzou entschloss den Ofschloss-Termin fir Biller anzereechen em ee ganze Mount ze verlängeren. Den neien Termin ass den 31.08.2020. Notzt dess Zäit fir an äerem Archiv no gudde Biller ze sichen! Opgepasst,dest gëllt nëmmen fir déijéineg déi bis elo nach neicht geschéckt hunn.

 Fotoen mussen dëst Format hunn :

- am beschten a voller Opléisung, mindestens awer 3000 pix. op der grousser Säit.

- als Jpg am sRGB mat 300 dpi.

- Se sollen am Format 3:2 oder 4:3 sinn, op kee Fall an engem anere Format !!!

- esou ginn se bezeechent : Numm_Virnumm_Nummer_Titel vum Bild.jpg

                       Als Beispill : Hoffmann_Anne_01_Bläuling.jpg

- Dëst Joer maximal 8 (aacht) Fotoen pro Auteur, an nummeréiert vun 01 bis 08

- Biller schéck dir bis spéitstens den 31.August iwwer WeTransfer.com un best-of@lnf.lu

Nëmmen iwwert dëse Wee kennen Biller ugeholl ginn. Op kee Fall Biller iwwer Mail oder op -info@lnf.lu- oder eng privat Mail-Adress vun engem Comitésmember eraschécken !!! Dat bréngt nemmen eng hellewuel Arbecht an duejerneen mat sech. Déi nei Mail-Adress best-of@lnf.lu guef extra ageriicht fir eis alleguer, iech esou gutt wéi dem Comité d'Aarbecht méi einfach ze maachen. An Zukunft gi keng Biller déi iwwert een annere Wee geschéckt ginn berücksichtegt. 

 Wichteg: mir weisen nachemol ausdrécklech dorobber hin, datt nëmmen Naturfotoen gebraucht ginn! Dat bedeit op de Biller dierfen keng Objeten vu mënschlecher Aktivitéit wéi Häiser, Stroumleitungen, Stroossen, Clôturen an der Landschaft asw.drop sinn. Et mußen och Planzen an Déieren sinn déi frei an der Natur liewen,wat bedeit keng Hausdéieren an keng Gaardeblumen! Kenn dir WeTransfer.com nach net, hei een Tipp kuckt op „youtube“ ,a sicht ënnert wetransfer grosse Dateien versenden. Dir wert gesinn et ass net schweiër.

Mat beschte Gréiss

de Comité

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)