> Zurück

Sortie Fréijoersblummen fotograféieren

Wann: Samstag 10.04.2021 08:00-12:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Steesel-Bridel
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Leif Naturfoto-Frënn

Fir den Samschdeg den 10.Abrëll 2021 maache mir fir dëst Joer onsen éischten Ausfluch an Natur. Wéi schonn an onsem Kalenner ugekënnegt steet fotograféieren vun de Fréijoersblummen um Programm. Mir treffen ons zou Steesel um Bierg em 8Auer op der Plaz „Gebrannte Bësch“. Hei besteet Méiglechkeet fir ze parken. Vun do aus kenne mer ons bequeem op d'Sich no Motiver maachen.

Wat soll der matbréngen vun Material : Natierlech är Kamera mat enger benotzbarer Späicherkaart oder méi, mindestens ee geluedenen Akku, an alles fir Makro-an Nofotografie ze realiséieren. Dat heescht Makro-Objektiv evt. Zwëschereng an ee Stativ wou et erlaabt ganz diéf resp. flaach iwwert de Buedem ze fotograféieren. Ee Buenesaak kann och nëtzlech sinn, an ee Wénkelsucher bréngt weider Virdeeler mat. Fir iech selwer rode mer un ee Knéischonner oder ee robust Këssen derbäi ze hunn.

Wichteg : Mir halen ons absolut un Virschrëften betreffend Covid-19, dat heescht, Ofstänn anhalen an ee Mask droen. Mir deelen eis och an kleng Gruppen op, sou verhënnere mir ze no beieneen ze sinn!

Ausserdeem soll dir iech onbedéngt umellen, dofir brauch dir nëmmen op den klengen gréngen Knäppchen uewen ze klicken. Merci.

Mat beschte Gréiss de Kommitee

Hei ee Plang fir den Treffpunkt ze fannen.

            

 

 

                                                                                                           

 

 

 

 

 

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)