> Zurück

Fotograféieren am Mëllerdall n°2

Wann: Samstag 12.06.2021 07:30-12:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Beefort Këppeglee
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Fototreff den 12.06.2021 am Mëllerdall n°2 (Hallerbach)

 

Léif Naturfoto-Frënn

 De Samschdeg,den 12.Juni 2021 hu mer déi zweet Sortie laascht Hallerbach am Mëllerdall, deskéier ass de R.d.V. em 7h30 um Parking Këppeglee laascht den CR 364. Et ass dat Strooss vum Grondhaff op Beefort erop. Vun do aus wëlle mer dann an Hallerbach goen fir ze fotograféieren. Wéi gewinnt halen mir eis un Sécherheetsmoossnamen betreffend Corona, wéi eng Mask droen an den néidegen Ofstand anhalen. Den neien Moossname-Katalog trëtt eréicht Sonndes den 13.Juni a Kraaft !!!

   Eng kleng Ännerung muße mir iech léif Memberen awer nach matdeelen. Bis elo wor den Sënn vun eisen Fotosexcursiounen an de Mëllerdall den, fir zesummen mam Natur- a Geopark-Mëllerdall eng Fotosausstellung op Been ze stellen. Dëse Projet ass no hannen verluecht ginn em mindestens ee Joer. Dat hënnert ons als Veräin natiirlech net drun fir Biller ze man, an wéi alles huet dëst och eng positiv Säit. Am Comité vun der LNF gouf ee méi allen Gedanken erëm opgegraff, an zwar fir Fotoen ze man iwwert ganz Lëtzebuerg, wuelverstanen Naturfotoen. Dat kann eng Expo gin oder/awer och ee Billervirtrag iwwert Natur zu Lëtzebuerg. De genauen Programm si mer am gang auszeschaffen an de wëlle mer iech nach virum Enn vun der Summervakanz matdeelen.

N.B.Melld iech w.e.g. un, andeem der uewen op de grénge Button klickt (Umeldungen sinn bis eng Stonn virdrun méiglech).

                                 Eng Handvoll Memberen hunn hier Cotisatioun fir 2021 nach net iwwerwisen,huelt dat w.e.g. no! Merci!

Mat beschte Gréiss

de Kommitee

 

 

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)