> Zurück

Waasserfotografie

Wann: Samstag 07.07.2018 09:00-12:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Waassersėnnesswee
Teilnehmer: KASS Pierre, Aktive Mitglieder

Leif Memberen

wéinst de schlëmmen Wiederen an den domat verbonnenen Iwwerschwemmungen an der ganzer Regioun Mëllerdall,ass et net méiglech an Hallerbaach ze goen.Dofir gi mir bei d'Bach vum Waassersënneswee bei Eschduerf.

Hei déi méi genau Detailer.Mir treffen ons em 9h00 um Parking vum Waassersënneswee.Eng Kaart op der de Parking agedroen ass fann dir am Unhang.Dir kommt iwwert den CR 314 a fuert am Ausgang vun Eschduerf a Richtung Insenborn/Lultzhausen.Sou komm dir ënnen am Dall automatesch op onsen Treffpunkt!Déi leschte Kéier wou mir op dës Plaz woren konnte mir flott Biller maachen a mir denken daß dat och elo gelénge wäert.Wichteg : bréngt onbedéngt är Stiwwelen mat,ee Stativ an ee Kabelausléiser resp.eng Funkausléisung fir är Kamera.Déi wou scho méi laang derbäi sinn wëssen dat och verschidde Filteren gebraucht ginn.Déijéineg wou keng hunn solle net séier eppes kafen.Besser ass et mat ze kommen an sech unzekucken a berode ze loossen wat een sech do kann uschafen.Dann huet een och dat richtegt a gëtt net onnéideg Suen aus fir Material wou net deen Zweck erfëllt deen ee sech erhofft.Mir hoffen,dat der vill de Wee op Eschduerf fannen.

De Comité

                                                  

 

                                                 

 

          

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)