> Zurück

Hallerboss

Wann: Samstag 13.04.2019 07:00-14:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Bei Breissel an der Belsch
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

Léif Memberen

Wichteg : Un all déi wou sech ugemellt hun an och déi wou daat net gemaach hun.

Fir onsen Ausfluch de Samsteg den 13.04.19 musse mir onsen Treffpunkt op een

anneren Parking verleeën. Mir fannen eis um Parking n°10. Am Unhang fann dir

zwou Kaarten mat der Weebeschreiwung fir dohin ze kommen. D'Auerzäit bleift déi

selwecht em 7h00. Merci fir äre Versteesdemesch. 

 

 

 

Leif Memberen

Wéi schonn an eisem Kalenner ugekënnegt,fueren mer den 13.Abrëll an den Hallerboss bei Bréissel an der Belsch. Den Hallerboss (och Hallebos) ass bekannt fir säi wonnerschéint Blummemier am Fréijoer. De ganze Bësch steet voll mat Hasenglöckchen (Endymion non-scriptus oder Scilla n.sr.), ee Lëtzebuerger Numm ass net bekannt. Blumm ass iwwert ganz Mëtteleuropa an Nord-Afrika verbreet,well se awer speziell Ufuerderungen un hire Biotop stellt ass se net heefeg. Den Hallebos ass eng vun deenen schéinste Plazen an Europa wou se virkënnt. Mir kennen hei Landschaftsopnamen an och No-an Makrofotoen maachen. Stellt äert Kameramaterial dem entspriechent zesummen.

Bis op de Site sinn et vu Stengefort aus ca.220km an et brauch een 2h1/4 bis 2h1/2 . Probéiert w.e.g.Fuergemeinschaften mat äre Frënn a Kollegen ze maachen. Treffpunkt ass de Parking n°8 mueres em siwen Auer. Aus dem Gronn muss dir iech och fir dess Sortie onbedéngt umellen (bis den 08.04.) an dem dir de grénge Knäppchen uewen op dëser Info uklickt, oder iwwert info@lnf.lu. Sou ass et méiglech iech ze erreechen. Dir kritt och nach Eenzelheeten geschéckt wann dir iech ugemellt hutt ! Mir roden och iech d'Kaart am Unhang eraus ze printen,resp. op den Handy ze setzen. Bréngt iech och ee Pick-Nick mat. Dauer vun dëser Sortie hänkt vum Wieder of.

 

                                               

 

                    

 

                    

 

 

                                                                                                

                                                                                                                   

 

   

                                                  

 

 

 

 

 

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)