> Zurück

Biisser-Weiheren

Wann: Mittwoch 10.07.2019 19:00-21:00
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: BISSEN
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

   Leif Naturfoto-Frënn

Wéi schonn an eisem Kalenner ugekënnegt maachen mir Mëttwochs den 10.Juli eng Foto-Excursioun bei d'Biisser-Weieren an duerno ee Pick-Nick. Den R.d.V. ass em 19h00 op der Plaz. Den Treffpunkt ass op der Kaart am Unhang agezeechent. Sidd dir an der rue de la chapelle,da fuert einfach de Schelder mam Hirsch drop no. Mir fannen souwuel flott Landschaften ,awer och Makrofotografie ass méiglech. Fräschen a Libellen sinn bestëmmt ze gesinn. Een Tele soll een dofir och derbäi hunn. No der Fotografie maachen mir nach ee Pick-Nick. Denkt also drun iech eppes fir ze iessen an ze drénken mat ze bréngen!

Wichteg : Nodeems dir gëschter den Opruff kritt hutt betreffend ons nei Ausstellung huet et sech bedauerlecherweis eraus gestallt, datt et nach een ähnleche Site wéi den vun eis genotzten wetransfer gëtt ( wat ech bis Dato net woust ). Den aneren gëtt hannen mat t geschriwwen.Den ass falsch an de Computer weist den och als onsécher Säit un. Also opgepasst,datt dir den uewen genannten benotzt. Merci fir äert Versteesdemech,awer mir war einfach net bewosst datt et nach een anere gëtt.

 

                              

 

                             

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)