> Zurück

Nik-Collectioun an Neijoerspatt 2020

Wann: Mittwoch 08.01.2020 19:30-21:30
Typ: Klubversammlungen a Sortien
Ort: Haus vun der Natur Kockelscheier
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

                                            

                                      Léif Naturfoto-Frënn

   Och am Joer 2020 wëlle mir weiderfueren,fir iech Entwécklungsprogrammer méi no ze bréngen. Dofir starten mir den 8.Januar mat der Presentation vun der Nik-Collection (een bal onverzichtbaren Fotosprogramm ergänzend zu LR an PS).Wat stécht derhannert,wéi fonctionéiert dëse Programm a wat kann een dermat ufänken? Äntwerten op déi Froen an nach méi beäntwert de Jean-Paul Schmit eis mat senger Presentatioun. Duerno gëtt et den traditionellen Neijoerschpatt.

Ausserdeem wëlle mir des Geleeënheet notzen fir iech alleguer schéi Feierdeeg,an ee gudde Rutsch an neit Joer ze wënschen.

De Kalenner vun onsen Aktivitéiten 2020 fann dir op lnf.lu  . En Héichpunkt vun 2020 gëtt onsen Naturfoto-Festival den 27-28.November zu Steesel !!!

     De Comité

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)