> Zurück

Opruf Biller fir LNF-Expo Best of 2019

Wann: Sonntag 15.09.2019 00:00-00:15
Typ: Austellungen LNF
Ort: Steesel
Teilnehmer: Aktive Mitglieder

                                                           

 

Léif Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn

Mir plangen un onser neier Ausstellung „Best of LNF 2019“ . Jiddereen kann maximal 4 véierBiller eraschécken,fir matzemaachen. Mir mussen dorobber hiweisen datt mir nëmmen Naturfotoen unhuelen! Datt bedeit Fotoen wourobber neicht vun mënschlecher Aktivitéit wéi Stroossen Leitungen, Clôturen an der Landschaft asw. ze gesinn ass, an et mussen Planzen an Déieren sinn wou frei an der Natur liewen. Dat hescht keng Gardeblumen a keng Hausdéieren !!!

Dëst Format mußen Biller hunn :

-eng Opléisung vun mindestens 3000 Pixel (op der grousser Säit) Besser an voller Opléisung.

-als Jpg am sRGB, an mat 300dpi.

-Am Format 3:2 oder 4:3, keng aner Formater !

-esou sollen se bezeechent sinn : Numm_Virnumm_Preferenznummer_Titel vum Bild.jpg.

Als Beispill : Feipel_Henri_01_Südafrika.jpg

-Wéi schonn uewen ernimmt max.4 Biller pro Auteur, an dir nummeréiert se no ärer Preferenz vun 01 bis 04.

Hu dir är Selektioun gemaach da schéckt är Biller iwwer WeTransfer.com un

jean-paul.schmit@lnf.lu.

Opgepasst well et Problemer mat der Mail-Adress déi mir beim eischten Opruf benotzt hunn gouf,hunn mir eng nei ageriicht. All déi ennert iech déi evt. schonn probéiert haten Biller ze schécken an et net fonktionéiert huet, zéckt net an macht mat der neier Mail-Adress een zweete Versuch.Sollt dat och messlengen,da gitt ons iwwer info@lnf.lu bescheet (N.B.Keng Biller iwwert info@lnf.lu eranschécken. Mir kennen nemmen Fotoen iwwert WeTransfer unhuelen,w.e.g.keng eenzel Dateien iwwert Mail schécken.

Well mir nëmmen eng begrenzten Ausstellungsfläch hunn, maache mir eng Selektioun vun den Opnamen, sollt et dobäi evt. enk ginn beim Auswielen, da gëtt Presenzlescht consultéiert fir ze entscheeden wat fir ee Bild vu waat fir engem Auteur geholl gëtt.

Wichteg : Fotoen mussen bis den15.September 2019 dobanne sinn.Merci.

De Comité wënscht iersch vill Freet beim eraussichen vun de Biller.

Nach een Tipp fir déijeeneg déi WeTransfer net kennen a benotzen. : Op youtube fannen sech gut Videoën wéi een domat emgeet,dir wert gesinn et ass net schweiër. Probéiert einfach andem dir agitt,wetransfer - grosse Dateien versenden.

 

Mat beschte Gréiss

de Comité

 

 

 

 

 

 

.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)