Ausfluch an de Mëllerdall
-
WannSamstag 04.06.2022 08:00-12:00
-
OrtPerekop Berdorf
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)
Teilnehmer
Aktive Mitglieder
Léif Naturfoto-Frënn
De Samschden 04.Juni 2022 organiséiert eise Veräin een Ausfluch an de Mëllerdall. Mir treffen eis um Parking laascht Strooss CR 364 tëschen Berdorf an der N10 em 08h00, net weit vum Perekop. Je nodeem wéi sech Meteo bis dohin entwéckelt huet, kenne mer do Baachfotografie an /oder Landschaftselementer aus der Fiels- an Bëschlandschaft vun dëser Regioun maachen. Wien motivéiert ass Baachfotografie ze man ass gutt beroden Stiwwelen matzebréngen.
Tipp : Gitt op lnf.lu kucken, do fann der Fotoen déi an der Schlammbach bei der leschter Sortie entstane sinn. Ausserdeem fann dir op onser Säit nach aner interessant Infoen.
Mat beschte Gréiss
de Kommitee