LNF-Generalversammlung
-
WannDonnerstag 06.03.2025 20:00 - 22:30
-
OrtHvN Kockelscheier
-
TypKlubversammlungen a Sortien
-
Text
General Versammlung 2025
Invitatioun op Generalversammlung vun de Lëtzebuerger Naturfoto- Frënn LNF
Heimat si dir häerzlech op Generalversammlung vun der LNF invitéiert. Versammlung ass Donneschdes 06. Mäerz 2025 em 20:00 am HvN op der Kockelscheier.
Dagesuerdnung:
-Begréissung vum President
-Aktivitéitsrapport 2024
-Keeserapport 2024
-de Bericht vun de Keeserevisoren
-Entlaaschtung vum Kommitee
-Deelweis Neiwalen vum Kommitee, dëst Joer tréiden aus a sinn erëmwielbar: Gloden Raymond,
Bour Robert, Nathan Michel, Schockweiler Rol, Wagner Paul
-Kandidature fir an de Kommitee opgeholl ze ginn, sinn dëst Joer bis den 02.Mäerz 2025 per Mail op info@lnf.lu eranzeschécken.
-Festleeë vun der Cotisatioun 2026
-Wielen vun de Keeserevisoren
-Ausbléck op ons Aktivitéiten 2025
-Fräi Aussproch
Opruff fir är Cotisatioun ze iwwerweisen.
An der Generalversammlung 2023 hu mer unanime festgehalen, dass déi Memberen déi eng Licence vun der FLPA hunn vun 2024 un hier Licence (5€ ) selwer bezuelen. Hier Cotisatioun (mat Licence) beläft sech also op 20€ !!! Dofir hei den Opruff är Cotisatioun vun 15€ oder 20€ mat Licence op onsen Konto:
CCPLLULL LU 02 1111 1266 2136 0000 ze iwwerweisen, mam Vermierk Cotisatioun 2025. Wgl.virum 26.Abrël 2025. Merci.
Mat beschte Gréiss
De Kommitee vun der LNF
Wichteg, net laanscht Strooss parken, maacht wgl Fuergemeinschaften!!!
Denkt drun och an déi Assemblé extraordinaire ze kommen déi eng 1/2 Stonn virdrun (19:30) ugesot ass, Merci